Charta (L)

Mir beschäftegen eis zënter iwwer 30 Joer mat Käerzen a Kierchematerial.

Eis Clientë si Kierchen, Kléischter, Reliounsgemeinschaften souwéi Privatclienten a Restauranten.

Duerch dës joerlaang Erfahrung hu mir Wëssen kritt, fir datt Dir vun eis op (bal) all Fro eng kompetent Äntwert erwaarden.

Eis Firmephilosophie ass d‘selwecht bliwwen zënter dem Grënnungsjoer 1992:

  • Clienten ëmfaassend a frëndlech ze beroden
  • déi bescht Léisungen zesummen mat eise Clienten ze fannen
  • mir offréieren nëmmen héichwäerteg Wueren zu clientfrëndlech Präisser
  • ee grousst Lager ze garantéieren

Den Erfolleg an déi vill positiv Reaktioune vun de Clienten weisen, datt d‘Ëmsetzung erfollegräich ass.

Och an Zukunft wäerte mir gären op Virschléi a Kritik reagéieren fir eis weider ze verbesseren.

Wann Dir den Artikel vun Ärer Wiel net an eisem Katalog oder an eisem Geschäft fanne kënnt, soot eis w.e.g. Bescheed - mir kënnen Iech sécherlech eng passend Offer maachen.


Eist erfuerent Team steet iech ëmmer zur Verfügung